Coronavirus zu Lëtzebuerg: 30 nei confirméiert Fäll, Zuel vun Doudesaffer klëmmt op 85

Home/World Stats/Coronavirus zu Lëtzebuerg: 30 nei confirméiert Fäll, Zuel vun Doudesaffer klëmmt op 85

Coronavirus zu Lëtzebuerg: 30 nei confirméiert Fäll, Zuel vun Doudesaffer klëmmt op 85


Vun den 3.695 positiv geteste Persoune sinn der mëttlerweil 3.007 geheelt an nach 603 mam Virus infizéiert.

E Freideg huet d’Santé matgedeelt, dass d’Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 2 geklommen ass. Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d’Altersmediane bei 85.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 30 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.695. Vun de confirméierte Fäll sinn der 2.998 Residenten.

Vun den 3.695 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.007 geheelt, 603 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 37.782 Tester gemaach. Zanter en Donneschdeg waren et der 891 an dovunner waren der 30 positiv.

Aktuell sinn 163 (-2) Patienten hospitaliséiert, 25 (-2) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 760 (+32) Mënschen d’Spidol nees verloossen.



Source link

2020-04-24T10:38:21-07:00April 24th, 2020|